Wat ass den Ënnerscheed tëschent der Kleedung an engem Cabinet medical an aner Beruffskleedung? Et si virun allem d'Ufuerderungen un d'Hygien an d'Zweckméissegkeet, déi erfëllt musse ginn. Dass se och bequem sinn, steet och am Fokus grad esou wéi eng einfach Wäsch vun der Teamkleedung. Egal ob de klasseschen Dokterkittel, Kasachen, Boxen oder modern Polo- a Sweatshirten, mir stellen eis op Är individuell Besoinen an, a maachen d'Kleedung an Ärem Cabinet medical méi raffinéiert, sou wéi Dir dat gären hätt. Duerch Nummemblemer oder dem Logo vun Ärem Cabinet medical als Applikatioun oder Direktbroderie weist sech Äre Cabinet medical de Patiente géigeniwwer als Eenheet a vermëttelt Zesummegehéiregkeet ënnert de Mataarbechter.
Mir kënnen och "mol kuerz". An dat wéinst eiser moderner Ausrüstung, eisen héichmotivéierte Mataarbechter an eiser laanger Erfarung.
méi
Berodung, déi Är Virstellung ëmsetze kann. Mat enger perséinlecher Kontaktpersoun an individuelle Konzepter.
méi
Dir hutt méi wéi nëmmen ee Grond zefridden ze sinn: Choix, Qualitéit, Berodung, Präis. Dat garantéiere mir Iech!
méi